2023

25ième Randonnée VTT autour du Tëtelbierg

Tour de Luxembourg à Pétange 23.09.2023

Aus Ulasss vun der 100-Joer-Feier vun eisen Frenn vun der Union Cycliste Peiteng war dei 4.Etappe vum Tour de Luxembourg zu Peiteng gefuer gin. Während desem Contre-la-montre hunn mir mat eisem Grillstand eisen Deel zu der super Ambiance beigedroen!

Happy Birthday UCP!

 

Journée de la mobilité 16.09.2023

Samschden 16.09.2023 huet sech zu Rodange alles em d'Semaine européenne de la mobilité gedreint. Ziel as et d'Mobilité douce ze fördern. Den Velo as den Fortbewegungsmettel par excellence.

Den Parcours d'adresse as op der Plaatz virun der Kierch opgericht gin an war den Highlight bei den Kanner. D'Memberen vun der Union Cycliste hun den Parcours betreit an de Kanner dei richtige Tipps gin fir secher dodurch ze fueren.

Vakanzaktioun Gemeng Peiteng 24.07 an 04.08.2023

D'Union Cycliste Rodange huet sech un der Vakanzaktioun fir Schoulkanner vun der Gemeng Peiteng bedeelegt. Ziel as et den Kanner d'Freed um Velo ze vermettelen.

Mettwoch den 24.07 sin mer duerch den Duel den Bierg erop gefuer, lansch Fond-de Gras an Richtung Mirador an Schiedheischen fir dann schlussendlech uewen op den Tetelbierg unzekommen. Vun do sin mer op d'Spillplaatz uewen um Eurocol bei Deifferdeng gefuer. D'Freed war grouss wie mer duerno den Bierg erof konnten fueren.

Um Ofschlossfest vun der Vakanzaktioun huet eis d'Gemeng Peiteng den Parcours d'adresse am Verkeiersgaard vun der Spillplatz Zauberschoul installeiert. D'Begeeschterung war bei allen Kanner grouss fir iwert desen flotten Parcours ze fueren. Memberen vun der Union Cycliste Peiteng an vun der Union Cycliste Rodange hun opgepasst an konnten den Kanner nach den een oder aner Hint ginn fir besser duerch de Parcours ze kommen...

Mir soen den Kanner, den Moniteuren/Monitricen an der Gemeng Peiteng Merci fir des 2 flott Nometteger.

18ième Randonnée Marcel Ernzer 29.05.2023

Nuit du Sport 13.05.2023

Nuit du sport    Mach mat a probeier aus!

Dat war den Motto vum Samschden 13.05.2023  am Centre Sportif Bim Diederich zu Peiteng.

D'Union Cycliste Rodange huet den Indoor Cycling présenteiert. Grouss an Kleng haaten vill Spass. Den professionnelen Trainer Carlo Reckinger huet an 20 Minuten-Seancen eisen Sport vun senger scheinster Seit gewiesen.

Merci un d'Gemeng fir d'Spinning-Bikes, merci un all dei dei matgefuer sin!

 

TELEVIE RODANGE 22.04.2023

RANDONNEE CYCLISTE TELEVIE 22.04.2023

En Tour mam Velo fir den gudden Zweck

D'Union Cycliste Rodange huet eng kleng Randonnée fir den gudden Zweck organiseiert. Jidfereen konnt matfueren. Um Départ bei der Sportshal zu Rodange hun mir 5 EUR Startgeld fir den gudden Zweck agesammelt. Duerno sin mir an enger Grupp vun 20 Leit en Tour vun 40 km am gemittlechen Tempo gefuer.

D'Union Cycliste Rodange huet duerno d'Startgeld integral un Televie weiderginn an den Montant op 500 EURO opgerennt!  Merci un all Participants!

 

Divers