Bei herrlechem Summerwieder an Temperaturen iwer 30 Grad sin d'Cyclisten an den Doihl op Rodange komm. An Présence vum Guy Brecht (Schöffen vun der Gemeng Peiteng) an Memberen vun der Famill vum Marcel Ernzer war den offiziellen Depart fir dei 4 Strossen-Parcoursen vun 25 bis 115 km an fir den neien Gravelparcours vun 70km. Den Wee as lanscht belsch Grenz eropgaangen bis op Folschette fir duerno iwer Reiden an Simmerschmelz nees erof op Rodange ze kommen.
Nom Tour konnten d'Cyclisten sech bei engem gudden Patt an engem klengen Maufel stärken an den flotten Dag Revue passeieren lossen.
D'Union Cycliste Rodange seet allen déi matgefuer sin Merci an hofft iech zreckzegesinn op eiser Rando VVT den 17.10.2026 wou et dann och en Graveltour duerch den Minett wärt gin.
Sous des conditions météo estivales avec des temperatures dépassant les 30 degrées, de nombreux cyclistes se sont réunis au Doihl à Rodange. En présence de l'échevin communal Brecht Guy et des membres de la famille de Marcel Ernzer lors du départ officiel, les cyclistes ont pris la route pour un des 4 parcours de 25 à 115km ou pour le nouveau parcours Gravel de 70km. Le parcours traversaient l'ouest du pays le long de la frontière belge jusqu'à Folschette, pour revenir via Redange et Simmerschmelz vers Rodange.
A l'arrivé la buvette était quasiment inévitable pour se réhydrater et reprendre ses forces.
L'Union Cycliste Rodange remercie tous les participants et espère vous retrouver lors de notre Rando VTT le 17.10.2026 ou il y aura également un parcours Gravel traversant notre belle region du Minett.
Velo fueren fir den gudden Zweck!
Dat war dem Motto vum Velostour op den D'Union Cycliste Rodange
inviteiert huet. Bei herrlechem Veloswieder hun 21 cyclisten sech op den Wee gemach fir 40 km bis op Kohler ze strampelen.
Duerno gouf e gudden Patt gedronk an eisen Scheck vun 500EUR un Televie Rodange iwereecht.
Den 7 März hun sech d'Memberen vun der Union cycliste Rodange op den Lamadelainer Weiheren getraff fir d'Assemblée générale.
Et gouf op d'lescht Joer zreckgekuckt wou den Verein bei ganz villen Aktiviteiten an der Gemeng aktiv war.
Am FSCL-Loisir-Classement konnt d'UCR sech als zweetaktivsten vun 29 Vereiner placeieren.
Och fir d'Saison 2026 sin nees vill Aktiviteiten geplangt an dei nei Uniform gouf och présenteiert.
Den Gemengerot Nicolo Barnabo huet luewend Wierder fir d'Aktiviteiten vun der UCR fonnt an eis d'Ennerstetzung vun der Gemeng zougesechert.
Nom offiziellen Deel gouf dun bei engem gudden Iessen nach e Pättchen gedronk an ganz vill Touren fir 2026 geplangt.
Bonne route!