2018

Don vun 1000€ un d'SOS Kannerduerf

Samschden den 17.11.2018 war den UCRodange beim Indoor Cycling Event vum Bob Jungels zu Miersch.

 

Den UCRodange, huet bei desem Event de Bob geéiert fir seng Performance dëst Joer bei der Cours Liège-Bastogne-Liège. An zwar ass hien den 3. Lëtzeburger déen no dem Marcel Ernzer 1954 an dem Andy Schleck 2009, dëss Cours gewonnen huet.

 

En Mémoire un den Marcel Ernzer, hunn mir de Bob, déen Ambassadeur vum Mirerscher SOS Kannerduerf ass, mat engem Don vun 1000 Euro un d’SOS Kannerduerf, geéiert.

 

D'UCR wënscht dem Bob fir di nächst Saison an seng weider Carrière alles Guddes.

Rando VTT 27.10.2018

Divers

Vakanzaktioun 2018 vun der Gemeng Peiteng

An de leschten 2 Wochen waren mer mat den Kanner aus der Gemeng Peiteng ennerwee. 

Mettwoch den 25.Juli waren mer mat den Kanner aus Peiteng bis op Kohler gefuer. Zu Kenzeg haaten mer eng grouss Paus gemach well et extrem warm war. Mir haaten Temperaturen vun iwer 30 Grad.

Mettwoch den 1. August sin mer mat den Rodanger Kanner bei mei agreablen Temperaturen op den Tëtelbierg gefuer. Mir sin 15 km iwert den Tetelbierg bis op den Col de l'europe erop gefuer. Den Retour war vill mei einfach. Op der Arrivée beim Scout-Chalet hun mir nemmen zefridden Gesichter gesinn.

Freiden den 3. August hun mer beim Ofschlossdag vun der Vakanzaktioun en groussen Parcours d'adresse opgebaut. Hei konnten dei jonk Cyclisten vun den 2 leschten Mettwochen an nach vill aner Kanner en flotten Tour um Velo machen.

D'Union Cycliste Rodange seet allen Kanner merci fir den groussen Effort den se gemach hun. Vlaischt gesinn mer eis engkeier erem am Velosclub wann der grouss sidd.

Randonnée Marcel Ernzer 2018

Assemblée générale 09.03.2018