Fiiers du gären mam Velo (egal ob op der Stross oder VTT oder Gravel)?

Kanns du mam Velo eng Stonn fueren ouni Paus?

Kanns du en Tour vun 40km fueren?

Fiiers du gären am Grupp?

Wells du gären mat aneren iwert den Velo fachsimpelen?

 

Wann du des Froen mat Jo beäntweren kanns, dann bas du bei eis richtig an der Union Cycliste Rodange!

 

Schreiw eis eng email op [email protected] mat denger Handysnummer

Mir mellen eis fir den eischten Tour mat dir ze plangen.