2016

Divers


Rando VTT 29 octobre 2016


Lapoutroie


Vakanzaktioun mat den Schoulkanner aus der Gemeng Peiteng

Mettwoch den 27.Juli as d'Union Cycliste Rodange, ennerstetzt vun der Union Cycliste Petange, mat engem ganz grousse Grupp Kanner vun Peiteng iwert d'Velospist op Kenzeg gefuer. Dei mei sportlech Kanner sin dun weidergefuer bis Kohler/Hoen an nees zreck op Kenzeg. No der Paus sin mer dun nees alleguer zreck op Peiteng gefuer. Den Tour war 35 km laang.

Mettwoch den 3. August hun mir mat den Kanner vun Rodange an Lamadelaine en groussen Tour mam VTT gemach. Mir sin bis op Fond de Gras gefuer, vun do bis Lamadelaine, iwert den Tetelbierg, an dun Richtung Deiferdeng, wou mer eng grouss Paus uewen um Col de l'Europe gemach hun. Do haaten mer dann dei schweier Bierger all gepackt. Duerno hun mer uewen um Plateau nach en groussen Tour gedreint, eier mir dei laang Descente op Rodange ugaange sin. E puer kleng technesch Defekter an Brennessellen konnten eis de Spass net verdierwen. No 20 km sin mer all gesond, midd an gudd knaschteg ze Rodange ukomm. 

Jidfereen den matgefuer as, kann houfreg sin, dass en den Tour gepackt huet. An mir vum UCR sin frou dass esouvill Kanner matgefuer sin. Vlaischt kennen mir den een oder aaneren jo an den nächsten Joeren als Member bei eis begreissen.

D'UCR seet den Kanner merci dass se matgefuer sin! Dir huet dat gudd gemach!

Coupe scolaire à Rodange et à Lamadelaine


13ième Randonnée Marcel Ernzer


Rosas  Avril 2016


Assemblée générale 04.03.2016

Randonnée VTT pour membres de l'UCR  (9 janvier 2016)